News
Publié le 31 Juli 2023

Informatiounsréunioun iwwert eisen neie Wunngrupp “Maison Gisèle et Georges” zu Mäerzeg

IMG 3500

Mëtt Juli hunn mir d’SOS Kannerduerf an eise neie Wunngrupp “Maison Gisèle et Georges” bei eisen zukünftegen Noperen zu Mäerzeg präsentéiert. Ee grousse Merci all den Interesséierte fir dee flotten Austausch an dem Buergermeeschter Mike Poiré mat dem ganze Gemengerot fir hir Implicatioun an dëse Projet.

Mir freeën eis op eis ee flott a solidarescht Zesummeliewen !

Weider Informatiounen zu eisen Servicer an der Dag- an Nuechtbetreiung fannt Dir hei: SOS-Kinderdorffamilien - SOS Kannerduerf

Dir sidd interesséiert an eisem neie Wunngrupp mat ze schaffen? Weider Informatiounen iwwert eis oppe Platze fannt Dir hei: Offres d'emploi - SOS Kannerduerf