Jobangebote

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Sprëngerpool :

2 Educateurs diplômés (m/w/d)

CDI – temps plein

Ref: EDDREMP1006

Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner an eise verschiddene Wunngruppen
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen

Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der “autorisation d’exercer”
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Positiv a flexibel Haltung fir an verschiddene Wunngruppen am Asaz ze sinn
  • Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten, dat souwuel Dag an Nuecht wéi och d’Weekender a Feierdeeg
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Dir hutt e Führerschäin B 

 Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an dynameschen Teams
  • Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

Et ass Rentrée an d‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf  engagéiert fir d’Weiderentwécklung vun hirem centre socio-thérapeutique (CST) "Klick Klack" zu Miersch :

Zwee Educateurs diplômés (m/w/d)

CDI- temps partiel / temps complet

(réf KKEDD0922)

Är Haaptaufgaben:

  • Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner
  • Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung verschidden non-formal Bildungsofferen an dir sidd am Team  aktiv un der Ëmsetzung vun dëse Settings um Terrain bedeelegt,
  • Als perséinlech Referenzpersoun vun engem Kand:
  1. sidd Dir an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung zoustänneg fir déi schoulesch a sozio-emotional Fërderplanung vum Kand
  2. ass et Är Aufgab, op eng traumasensibel a participativ Manéier dem Kand ze hëllefen, en Zougang zu senge Ressourcen ze fannen
  3. sidd Dir am reegelméissegen Austausch mat der Famill vum Kand
  4. begleet Dir d'Kand um Wee vu senger schoulescher Reintegratioun

Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der “autorisation d’exercer”
  •  Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen
  • Gudde Stress- a Krisemanagement, d.h. Konflikter vermeiden, aushalen a léise kënnen
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
  • Dir hutt e Führerschäin B

 Wat mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an engem dynameschen Team
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapädagogik) 
  • Aarbeschtszäite vu Méindeg bis Freideg tëscht 7 an 19 Auer
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir intresséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis den 31. Oktober 2022 un  jobs@kannerduerf.lu 

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Familljestäerkungsdéngscht

een Educateur diplômé (m/w/d)

CDI - 80% Tâche

Ref: EDDCDIFSD

Är Aufgaben:

  • Dir begleet Kanner a Jugendlech a schwierege Liewenssituatiounen ambulant am Kader vun hirem familiäre Bezuchssystem, am Sënn vun enger positiver Bezéiungsgestaltung, sou wéi engem stabillen a séchere Liewensëmfeld
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.1.)

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom mat der “autorisation d’exercer”
  • Kee “Muss”, awer e Plus: Dir hutt Kenntnisser an de Beräicher Traumapedagogik, Mediatioun an/oder Systemik
  • Eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch
  • Dir hutt e Führerschäin B

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Dir sidd en Deel vun engem multidisziplinären Team
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapädagogik) 
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir un dëser Offer interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis den 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir intern SOS-Kannerduerffamilljen

Een Educateur diplomé (m/w/d)

CDI -  100%

Ref: EDDCDIH9

Är Aufgaben:

  • Dir sidd am Team vun enger SOS-Kannerduerfsfamill an ënnerstëtzt d’Kannerduerfsmamm/-papp an hirem Alldag mat den Kanner
  • Dir schafft enk mat de pedagogesche Beroder zesummen
  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mat der Kannerduerfsmamm/papp an de Kolleegen am Haus
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Führerschäin (B)
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg, deelweis geet och puer Deeg um Stéck geschafft
  • Aarbechtsvertrag „Remplaçant“ vun der Kannerduerfsmamm/-papp

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapädagogik) 
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Wunngrupp zu Alzeng:

Een Educateur diplômé (m/w/d)

CDI – Temps plein

Ref: EDDSH1006

Är Aufgaben :

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner a Jugendlechen
  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
  • Dir sidd Bezugserzéier vun engem oder zwee Kanner

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Führerschäin (B)
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
  • Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag 
  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Wunngrupp zu Alzeng:

Een Educateur gradué (m/w/d)

CDI – Temps plein

Ref: EDGSHCDI1006

Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Kanner a Jugendleche baséierend op déieregestëtzten Aktivitéiten
  • Duebelfunktioun; Teammember a Leedungsfunktioun mat Leedungsaufgabe bei Absence vum “Chef de groupe”
  • Organisatioun vun den déieregestëtzten Aktivitéiten um Schneider Haff
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen an Zesummenaarbecht mat de Kolleegen(innen) an dem Chef de groupe

Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom als Educateur gradué
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz
  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag 
  • Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Führerschäin (Klass B)

Mir bidden :

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an oder Jugendlecher
  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Jongenwunngrupp Grooljer Haus zu Grooljen 

Een Psycholog (m/w/d)

CDI – 50%

Ref: PSYCDI1006

Är Aufgaben:

  • Eenzeltherapie mat de 6 Jongen aus dem Wunngrupp, a Gruppentherapie
  • Ënnerstëtzung a Berodung vun der Ekipp vum Wunngrupp a Krisesituatiounen a bei traumatesche Virfäll
  • Duerch d’Aarbecht op der Platz hutt Dir d’Méiglechkeet d’Jongen an hirer Fräizäit an am Alldag ze erliewen, an an deem Sënn, kënnen Therapië fir all Client individuell ugepasst ginn

Äre Profil:

  • En Master (Bac +5) als Psycholog
  • Kee “Muss”, awer e Plus: Kenntnisser an de Beräicher Psychotraumatologie a Psychotherapie
  • Empathie, Ethik a Verantwortungsbewosstsinn
  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Flexibel Aarbechtszäite vu Méindeg bis Freideg Nomëttes
  • Führerschäin (Klass B) 

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an engem dynameschen Team
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik) 
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht  fir hire psychologesche Déngscht

ee Psycholog mat psychotherapeutescher Ausbildung (m/w/d)

CDI  - temps partiel  / temps complet

Ref: PSYTCDI1006

Är Aufgaben:

  • Therapeutesch Begleedung vu Kanner a Jugendlechen
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance

Äre Profil:

  • En Master a Psychologie (Bac+5) an zousätzlech eng Ausbildung zum Psychotherapeut mat der “autorisation d’exercer”
  • Kee “Muss”, awer e Plus: Kenntnisser an de Beräicher Psychotraumatologie, Mediatioun an/oder Systemik
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd am Asaz och bis an den Owend eran
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Gutt redaktionell Fäegkeeten

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik) 
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir un dëser Offer interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 31.10.2022 un jobs@kannerduerf.lu.

La Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf

recherche

Un assistant de Direction (m/f/n)

CDI– Temps plein ou temps partiel

Ref: CDAD

Vos missions principales :

  • Faciliter et optimiser la gestion administrative de la Direction générale et des membres du Comité de Direction ;
  • Gérer l’équipe de l’accueil et de la réception ;
  • Préparer et organiser la logistique des différents événements professionnels (réunions, déplacements, interventions orales, séminaires, salons professionnels, conférences téléphoniques…) ;
  • Préparer et contrôler les dossiers nécessaires aux missions des membres du Comité de Direction (documentation, rapports, supports de communication, notes diverses pour les réunions…) ;
  • Assister aux diverses réunions et en rédiger les comptes rendus ;
  • Organiser le tri et l’archivage physique et/ou électronique des documents importants (collecter, traiter, classer et mettre à jour l’information) ;
  • Rassembler et mettre en forme des éléments de suivi (tableaux de bord, indicateurs, reporting…).

Votre profil :

  • Être détenteur à minima du certificat de fin d’études secondaires ou expérience équivalente avec une expérience de minimum 5 ans dans une fonction similaire.
  • Avoir une formation de niveau supérieur en assistanat de direction/manager, gestion administrative et/ou commerciale est un atout.
  • Maîtriser les outils et programmes informatiques courants : pack Office (Outlook, PowerPoint, Excel, Word, SharePoint).
  • Maîtriser l’utilisation d’outils collaboratifs et de communication (Internet, messagerie, planning partagé, web conférence, réseau social d’entreprise…).
  • Avoir de bonnes connaissances en gestion administrative, en normes rédactionnelles et en techniques de prise de notes.
  • Maîtriser les méthodes de classement et d’archivage et les techniques de numérisation.
  • Être capable d’organiser des événements.
  • Être dynamique, proactif, rigoureux et polyvalent; avoir le sens de la discrétion et avoir de bonnes capacités de synthèse et de rédaction.

Notre offre :

  • Un environnement de travail familial et multiculturel
  • Un travail intéressant et diversifié dans une équipe dynamique
  • Une rémunération attractive selon la CCT-SAS (Barème en fonction du diplôme/ Maximum C6)

Si vous êtes intéressé(e) par notre offre, prière de nous faire parvenir un CV, une lettre de motivation et copie des diplômes avant le 30.09.2022 à l’adresse suivante :  jobs@kannerduerf.lu

En cas d’embauche, un extrait de casier judiciaire vous sera demandé afin d’apprécier votre honorabilité compte tenu des besoins spécifiques du poste à pourvoir.

La Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf recherche pour remplacer un congé de maternité suivi d’un congé parental au sein du service comptabilité:

Un aide-comptable (m/f/d)

CDD (12 mois) – 30 à 40h/ semaine - entrée en fonction dès que possible

Missions principales:

  • Assurer les tâches quotidiennes de la comptabilité générale et analytique ;
  • Assurer le suivi comptable des dons dédiés ;
  • Assister à établir les dossiers de demandes de subventions ;
  • Assister l’équipe comptable dans ses missions.

Votre profil:

  •  Être détenteur d’un BAC comptabilité ou équivalent par expérience ;
  • Avoir une première expérience dans une fonction similaire au Luxembourg est considéré comme un atout ;
  • Bonne maîtrise du Français, du Luxembourgeois et/ou de l’Allemand ;
  • Être autonome, rigoureux et être méthodique ;
  • Maîtriser les outils MS Office, en particulier EXCEL, la connaissance de GESALL ou tout autre outil comptable constitue un atout.

Notre offre:

  •  Un environnement de travail familial et multiculturel;
  • Un travail intéressant et diversifié dans une équipe dynamique;
  • Une rémunération attractive selon la CCT-SAS (C4 en fonction du diplôme).

Si vous êtes intéressé(e) par notre offre, prière de nous faire parvenir un CV, une lettre de motivation et copie des diplômes à l’adresse suivante avant le 15 juillet 2022: jobs@kannerduerf.lu

En cas d’embauche, un extrait de casier judiciaire vous sera demandé afin d’apprécier votre honorabilité compte tenu des besoins spécifiques du poste à pourvoir. 

Kontakt

Sophie COULONVAL
Responsable RH

e-mail: jobs(at)kannerduerf.lu
Tel. 32 90 03 - 51

Eine Spende machen