News
Publié le 10 July 2022

Semaine de la Santé mentale - Feel the music - E flotte Start an d’Liewen duerch Musek

kd31

Am Kader vun der "Semaine de la Santé mentale" organiséiert SOS Kannerduerf Lëtzebuerg e musikalesche Moment fir Famillje mat klénge Kanner mam Workshop: Feel the music - E flotte Start an d’Liewen duerch Musek

Schonn am Mammebauch léiere mir Mënsche ganz fréi, ze lauschteren. Mir héiere Geräischer, Stëmmen, mir fille Pulsatiounen a Rhythmen. Eng Kéier op der Welt, genéisse mir et, wa mir an de Schlof gesummt ginn. Mir freeën eis, wa fir eis gesonge gëtt a scho fréi fanne mir Spaass drun, eis op Musek ze beweegen an ze danzen. Musek verbënnt Mënsche mateneen a si wierkt sech positiv op eist Erliewen an op eist kierperlecht an emotionalt Wuelbefannen aus.

Dëse musikalesche Moment soll dem Kand an den/m Elteren(deel) et erlaben, spilleresch mateneen a Kontakt ze sinn an ze spieren, wat Musek an eisem Kierper bewierkt a mat eis als Mënsch mëcht. E soll derzou ureegen, fir sech ze trauen, reegelméisseg mateneen a fireneen ze sangen, Musek ze maachen an ze danzen a soumat eng positiv Entwécklung vum psychesche Wuelbefanne bäi groussen a klenge Mënschen ze fërderen.

Wéini?

Méindes, den 10. Oktober 2022

9:30-10:15 Auer: Kanner vun 0 bis 1,5 Joer a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel

11:00-11:45 Auer: Kanner vun 1,5 bis 3 Joer  a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel

Wou?

am SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch

10, rue Hermann Gmeiner

L-7534 Mersch

Sprooch:

Lëtzebuergesch

Virkenntnesser:

et brauch ee keng musikalesch Virkenntnesser

Material:

Et ass alles do wat gebraucht gëtt.  Gären däerft Dir och Rëselen asw. vun doheem matbréngen. W.e.g. bequem Kleeder undoen.

Tarif: gratis

Maximal Gruppegréisst: 15 (Kanner + Erwuessen)

Umeldung:

villagesos@kannerduerf.lu

oder telefonesch um 32 90 03 -1