News
Publié le 20 November 2020

Internationalen Dag vun de Kannerrechter

DUDOO-illustrations-peluche 190902 jcds-3

Eis MataarbechterInnen hunn d'Wuert

Zum internationalen Dag vun de Kannerrechter hu mir eis MataarbechterInne gefrot wéi si Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter maachen. Hei sinn hir Äntwerten:

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir si viru Gewalt a Mëssbrauch schützen an hinnen eng sécher Plaz bidden."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir si fërderen awer och erausfuerderen."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir si un Entscheedungen deelhuele loossen."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir jiddwereen akzeptéieren esou wéi en ass, onofhängeg vun Hautfaarf, Nationalitéit oder Relioun."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir Leit hunn, un déi si sech mat hire Problemer wende kënnen, ouni negativ Konsequenzen mussen ze fäerten."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir si no hirer Meenung froen, hinnen nolauschteren an si eescht huelen."

"Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir dem Kand seng Interessen als éischt Prioritéit setzen."

Mir maache Kanner a Jugendlech staark fir hir Rechter andeems mir hir Privatsphär respektéieren."