News
Publié le 06 October 2020

Loscht op Muer!? Envie de demain!?

Loschtopmuer Flyer

Conclusioune vun der Ëmfro

Conclusioune vun der Ëmfro iwwert d‘Liewenssituatioun vu jonke Mënschen hei am Land

Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ) an SOS Kannerduerf Lëtzebuerg hunn iwwert d’Summerméint gemeinsam eng Ëmfro iwwert d‘Liewenssituatioun vu jonke Mënschen zu Lëtzebuerg duerchgefouert.

Déi zentral Iddi vun dëser Enquête war et, eng Bestandsopnam iwwert d’Liewenssituatioun vu jonke Mënschen tëscht 12 a 26 Joer zu Lëtzebuerg ze realiséieren, an Zesummenhang mat hirer Zukunft, hire Bedürfnisser an hiren Ängschten. Doduerch sollten potentiell Chancen an Erausfuerderungen identifizéiert ginn, déi och fir d’Aarbecht mat Jonken a betreite Wunnstrukturen an alle Jugendstrukturen eng Relevanz duerstellen. Dëst besonnesch och virum Hannergrond vun der Covid-19 Pandemie.

Wéi liewe Jonker zu Lëtzebuerg? Wéi eng Gedanke maachen si sech? Wat sinn hir Suergen an Hoffnungen am Hibléck op hir Zukunft? Wéi vill « Loscht op Muer » hunn si?

Dëse Froen ass d‘Enquete nogaangen, ënner anerem och mat der Optik, ee Verglach ze erméiglechen tëscht deene Jonken déi bei hire Familljen oder eleng liewen an deenen déi an enger Struktur ënnerbruecht sinn.

Bis den 1. Juli 2020 hunn insgesamt 106 Jonker am Alter tëscht 12 a 26 Joer aus ënnerschiddleche Liewensverhältnisser (Famill, Fleegefamill, Heemstruktur, betreit Wunnen oder déi alleng wunnen) un der Enquête deelgeholl. Déi grouss Majoritéit vun de Befroten ass sech den Erausfuerderungen um Aarbechts- a Wunnengsmaart bewosst, an dass villes  vum schouleschen a berufflechen Erfolleg ofhängeg ass. Finanziell Sécherheet gesinn déi Jonk als Viraussetzung fir sech eng eege Wunneng leeschten ze kënnen a fir hir Fräizäit an hire Liewensënnerhalt finanzéieren ze kënnen.

D’Wuelergoen vun hirer Famill, Verloschtängschten an den Opbau vun intakte familiären a soziale Bezéiungen si weider zentral Aspekter, déi di Jonk beschäftegen. Dëst gëllt besonnesch och fir déijéineg, déi net bei hire Famillje liewen, mee an enger Struktur ënnerbruecht sinn.

Alles an allem stelle mir fest, datt déi befrote Jonker hoffnungsvoll a mat Optimismus an hir Zukunft kucken, an si duerchaus „Loscht op Muer“ hunn.

All Jonken deen un der Ëmfro deelgeholl huet, huet d’Chance ee vu ville flotte Präisser ze gewannen. D‘Presentatioun vun de Resultater sou wéi d‘Remise vun de Präisser fannen am klenge Kader Enn Oktober 2020 statt. Ee grousse Merci soe mir Sales-Lentz fir de Sponsoring vun der Grupperees an ee Fräizäitpark.