Publié le 24 April 2024
Save the date - Summerfest 2024 am SOS Kannerduerf zu Miersch
De 30. Juni 2024 feiere mir am SOS Kannerduerf zu Miersch eist grousst Summerfest.
En ofwiesslungsräichen Programm fir d’ganz Famill gëtt gebueden.
Um 10.30 : Hoffnungsfeier mam Paschtouer Félix Steichen
Vun 11.00 bis 18.00 Auer: Spiller, Concerten, Animatiounen, Tombola, Iessen a Gedrénks a Villes méi
Spiller an Animatioun :
FIR D‘KANNER : Facepainting, Intefëschen, Kannerrechtskrimi, Walking act mam Jonn Happi, Karussel “Le p’tit manège fait main”, a Villes méi.
FIR DÉI JUGENDLECH : Loungebar a Graffiti-Wall bei eisem Jugendbus
A Capoeira-Firféierungen vun Abadá Capoeira Miersch
Musek
Concerte vun ënner anerem : "De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen", der Mierscher Musek, The Strawberries, ...
Iessen an Gedrenks
Verschidde Foodtrucks, Gegrilltes a vill Séisses fir den Dessert.
Adress vum Dag :
SOS Kannerduerf
10 rue Hermann Gmeiner, L-7534 Mersch
Weider Informatiounen an den genauen Programm, kommen geschwënn no