News
Publié le 21 August 2023

Konscht-Atelier @ Kolla Festival zu Miersch

1

"Kreativität ist Intelligenz, die Spa? hat." Albert Einstein

D’SOS Kannerduerf war den 19. an 20. August 2023 um Kolla Festival am Mierscher Park vertrueden, wou mir een Konscht-Atelier ugebueden hunn. Dësen Festival ass en Open Air Event fir di ganz Famill, am Zeeche vun der Nohaltegkeet, mat leckerem lokalen Iessen a Gedrénks, interessanten Atelieren a ville flotten Aktivitéiten a Concerten.

Mir wollten eis dës Geleeënheet net entgoe loosse fir hei och een Atelier a Relatioun mat engem vun onse Aktivitéitsberäicher unzebidden.

Déi schéinste Musteren an de verschiddenste Faarwen a Formen - D'Resultater vun de Konschtwierker  hunn Kleng a Grouss richteg Freed gemaach.

E grousse Merci un déi sëllege Leit déi deelgeholl hunn an un d'Gemeng Miersch an d'Kolla Asbl fir d'Organisatioun vun dësem flotte Festival!

Wann Dir méi iwwert eis Aktivitéiten, a ganz spezifesch d’Integratioun vun der Konscht an eis therapeutesch Fördermoossnamen wëllt gewuer gin, dann klickt hei Kunsttherapie - SOS Kannerduerf