News
Publié le 22 Februar 2023

Superwahljoer am SOS Kannerduerf : 23 nei Vertrieder am Kanner- a Jugendparlament (KaJuPa) vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg!

KJUPA

Iwwert déi läscht Wochen huet all Wunngrupp sain Vertrieder fir den KaJuPa gewielt. Elo sin déi 23 Vertrieder komplett.
Hir Missioun ass et, d’Wënsch an d’Doleancen vun den Kanner a Jugendlechen aus hirem Wunngrupp am KaJuPa ze vertrieden, d’Sujete déi hinnen ënnert den Neel brennen ze diskutéieren an zesummen mat der Direktioun un Sujeten ze schaffen.
Mir wënschen den 23 Gewielten vill Gléck an hirer wichteger Missioun an soen hinnen Merci fir hiren Asaz am Intérêt vun de Kanner a Jugendlechen.

Weider Informatiounen : KaJuPa - SOS Kannerduerf