News
Publié le 31 Oktober 2023

Visitt vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel begleet vum Prënz François am CST « KlickKlack » zu Miersch

396716045 879161693571380 8620936550776899410 n

Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, begleet vum Prënz François, hunn eis zu Miersch an eisem Centre socio-thérapeutique (CST) « KlickKlack » besischt, an deem Kanner tëscht 6 an 12 Joer, déi sech an enger schwiereger schoulescher Situatioun befannen, betreit gi. Bei dëser Geleeënheet huet déi Ierfgroussherzoglech Koppel d'"Cour Prince François" ageweit, déi mat Spende fir d'Gebuert vum Prënz kofinanzéiert gouf. 

E grousse Merci der Ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, an dem Prënz François, an all den Donateure fir hir Solidaritéit mat SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.

Mir sinn immens dankbar fir déi grouss Wäertschätzung, déi de Kanner, Jugendlechen a Familljen an eiser Aarbecht entgéintbruecht gëtt a mir sinn houfreg dass mir eisen Outdoor-Projet mat Ärer Hëllef realiséiere konnten.

Är wäertvoll Ënnerstëtzung erlaabt de Kanner déi an eisem Centre socio-thérapeutique encadréiert gi sech ze stabiliséieren, andeems hir motoresch a kognitiv Kompetenze souwéi hir auto-regulativ Kapazitéite mat Bléck op eng schoulesch a sozial Reintegratioun gefërdert gi.