News
Publié le 25 Oktober 2023

Eng besonnesch Unerkennung fir besonnesch Efforte

Merite-Scolaire-2023-Visuel

15 Kanner a Jugendlech goufen am Kader vun eisem Mérite scolaire fir hir gudd Leeschtungen an der Schoul oder der Berufsausbildung am Laf vum Schouljoer 2022/2023 honoréiert. Ausgezeechent gin dobäi nët nëmmen gudd schoulesch Resultater, mais mindestens genausou wichteg ass d’Erreeschen vun perséinleche Ziler, déi déi Jonk konnten duerch hiren groussen Engagement realiséieren.
E grousse Merci fir déi flott Organisatioun an déi musikalesch Ënnerstëtzung, an natierlech och un all d’Mataarbechterinnen, déi zu dëse Succèse baigedroen hun, andeems se den Kanner a Jugendlechen een stabillt a séchert Emfeld bidden an deem se évoluéieren kënnen.