News
Publié le 21 Oktober 2023

Traureg Annonce: Doud vum Här Marcel Nilles, Matbegrënner vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

NEWVisuel-Marcel-Nilles (005)

An déiwer Trauer deelen mir den Doud vum Här Marcel Nilles,Matbegrënner vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg mat.
Duerch säin eenzegaartegt Engagement, säin onermiddleche Wëllen, a seng Motivatiounskraaft, huet hien et fäerdeg bruecht, mat der Hëllef vu weidere Gläichgesënnten, d’SOS Kannerduerf Lëtzebuerg virun 55 Joer ze grënnen, an iwwert Jore weider ze entwéckele.

Bis haut konnt hien sou dozou bäidroen ville Kanner a Jugendlechen Hoffnung ze schenken an Zukunftsperspektiven ze bidden.

An déiwem Respekt virun dem Här Nilles sengem Liewenswierk, sengem Asaz a senger Mënscheléift, dréckt d’ganz Communautéit vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg der Famill an Trauer hiert häerzlechst Bäileed aus.