News
Publié le 13 Oktober 2023

Spendeconcert zu Gonschte vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Spendenconcert photo

 

Den 22. Oktober um 16h fënnt zu Hesper am Celo e Spendeconcert zu Gonschte vun SOS Kannerduerf statt.

Ënnert der Leedung vum Sven Kiefer, den och schonn de Workshop „Cajaton“ am Kader vu Musek@Kannerduerf animéiert huet, trommelen d’Kanner aus der lokaler Museksschoul fir d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf.

D’Entrée ass gratis, umelle kënnt Dir Iech per Mail un sven.kiefer@ugda.lu oder iwwer Telephone um 691 656 856.

Kommt bis lauschteren an ënnerstëtzt dës solidaresch Initiative!