News
Publié le 10 Oktober 2023

World Mental Health Day 2023

WorldMentalHealthDay-Visuel

Haut um 10. Oktober ass den internationalen Dag vun der mentaler Gesondheet.

Statement vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg:

"Déi psychesch Gesondheet ass grondleeënd fir eis Entwécklung an eis allgemengt Wuelbefannen. Dofir setzt SOS Kannerduerf Lëtzebuerg sech fir d’Recht vu Kanner a Jugendlechen an, an engem sécheren a gebuergenen Ëmfeld opzewuessen, dat et hinnen erméiglecht, hir Gefiller auszedrécken, gehéiert ze ginn an déi Hëllef ze kréien, déi se brauchen. Mir fërderen hiert Wuelbefannen ënner anerem duerch ons pedagogesch an therapeutesch Mesuren, déi d’Kanner an déi Jugendlech dobäi ënnerstëtzen, sech auszedrécken, wann hinnen d’Wieder feelen."