News
Publié le 04 Juli 2023

SOS Kannerduerf Lëtzebuerg op der Foire agricole

2

Vum 30. Juni bis den 2. Juli 2023 war SOS Kannerduerf op der Foire agricole zu Ettelbréck.

An dësem Kader konnt de Public sech iwwert eis Aktivitéiten a ganz spezifesch eise Projet vun der déieregestëtzer Pedagogik, informéieren. Dësen erméiglecht, duerch en traumasensibelt Schaffe mat Déieren, d’Kanner an déi Jugendlech, déi vun eis betreit ginn, an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen an se emotional ze stäerken.

“Ech mole mäin Liblingsdéier …” war d’Thema vun eisem Molconcours fir déi Kleng. Mir si begeeschtert vun der grousser Kreativitéit, déi d'Kanner bewisen hunn.

E grousse Merci un jiddwereen, deen eis um Stand besicht huet!