News
Publié le 19 April 2023

Musek@Kannerduerf 2023 - Eng Ouschtervakanz am Zeeche vun der Musek

1.2

Iwwert d’Ouschtervakanz gouf d’Musek am SOS Kannerduerf zu Miersch rëm grouss geschriwwen. Net manner wéi dräi verschidde Musekworkshops goufen organiséiert un deenen am ganzen 30 Kanner a Jugendlecher mat Begeeschterung Deel geholl hunn an déi verschiddenst Facettë vun der Musekswelt kennegeléiert hunn.

Direkt e Méindeg den 3. Abrëll ass et, ënnert der Leedung vum Sven Kiefer, lass gaange mam Musekinstrument Cajaton – enger Këscht aus speziellem Wabekartong di d’Kanner zesumme bauen a bemole konnten. Nomëttes ob der Präsentatioun hunn si dann nach emol viru Publikum gewise wie fläisseg si all geüübt haten a wat fir flott Rhythmen ee kann ob esou engem Cajaton spillen.

Onse 2. Atelier huet ons ob de Kierchbierg an d’Studioe vu RTL an Eldoradio gefouert. Do konnten d’Kanner a Jugendlech e Bléck hannert d’Kulisse werfen an di grouss Welt vun de Medie wärend enger Live-Emissioun an de Fernsee-a Radiostudioe materliewen.

“Sing your Song” war den Ophänkert vum drëtte Workshop. Iwwer zwee Deeg hunn d’Kanner an déi Jugendlech d’Produktioun vu Beats a Lidder an de Songwriting méi no bruecht kritt. Als kréinenden Ofschloss goufen d’Eegekompositiounen am Kader vun engem Optrëtt opgefouert. De Public war ganz begeeschtert vun der grousser Kreativitéit, der Innovatioun an dem Häerzblutt, dat d’Participants an hir Lidder gestach hunn.
E grousse Merci un all d’Kanner an déi Jugendlech an allen aneren Acteuren déi zum Succès vun dëse Workshops bäigedroen hunn!