News
Publié le 18 Januar 2023

En ëmgedréinten Adventskalenner fir d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf

1-Def

Een häerzleche Merci  un déi 12 Schülerinnen a Schüler an hir Enseignante Madamm Jil Duhr aus dem Cycle 4.2 vu Stengefort fir des flott Aktioun!
D’lescht Woch hunn se d’Kaddoe vun hirem ëmgedréinten Adventskalenner an d’SOS Kannerduerf op Miersch bruecht, a krute bei dëser Geleeënheet d’SOS Kannerduerf an seng divers Aktivitéite presentéiert. Um Programm stoung och eng Visitt vun der déieregestëtzter Pedagogik, ee Projet, deen de Kanner a Jugendlechen, déi vun eis encadréiert ginn, erméiglecht sech emotional ze stabiliséieren an sech perséinlech ze entwéckelen.
Op der éischter Foto : déi 12 Schülerinnen a Schüler, mat hirer Léierin Madamm Jil Duhr (zweet vu lénks) an dem President vum Schoulcomité vu Stengefort Monsieur Christian Kohnen (zweete vu riets), d’Madamm Valérie Oberlé, Directrice Générale vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg (éischt vu riets), an dem Bernd Schäfer vu SOS Kannerduerf Lëtzebuerg (éischte vu lénks)