News
Publié le 08 November 2022

Mir sichen een Educateur gradué (m/w/d) fir eise Service de logement en milieu ouvert (SLEMO)

Recrutement-09-11-2022

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire

Service de logement en milieu ouvert (SLEMO):

Een Educateur gradué (m/w/d)

CDI – Vollzäit oder Deelzäit (min 75%)

Ref: EDGSLOCDI1101

Är Aufgaben:

  • Dir begleet an ënnerstëtzt jonk Erwuessener an enger Wunneng oder Wunngemeinschaft vun der Fondatioun op hirem Wee an en autonoomt Liewen
  • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.2.)

Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur gradué oder similär (Niveau Bachelor)
  • Erfarung an der Begleedung vu Jugendlechen / jonken Erwuessenen ass vu Virdeel
  • Eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
  • Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch
  • Dir hutt e Führerschäi B

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik) 
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Wann Dir un dëser Offer interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 21.11.2022 un jobs@kannerduerf.lu.