News
Publié le 06 Oktober 2022

Visitt vun enger nepalesescher Studiegrupp am SOS Kannerduerf zu Miersch

Nepal

Op Initiativ vun der “ Aide à l’enfance de l’Inde et du Népal“ (AEIN), mat deene mir schonn den 12. September ee Filmworkshop fir eis Kanner vum Kanner- a Jugendparlament (KaJuPa) organiséiert haten, huet eis den Dënschdeg 4. Oktober, a Begleedung vum Här Jeff Donckel vun der AEIN, eng Studiegrupp aus dem Nepal besicht. Um Programm stoung eng Präsentatioun an eng Visitt vum Kannerduerf, an een Austausch iwwert eis Approche am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz. D’Diskussiounen hunn sech besonnesch em eist Kanner- a Jugendparlament, säi Konzept, säi Fonctionnement, seng participativ Approche an d’Resultater vun der Aarbecht, gedréint.

E grousse Merci fir de Besuch an de groussen Interêt !