News
Publié le 29 September 2022

Partenariat vun SOS Kannerduerf mam Kass-Haff

Kass

Am SOS Kannerduerf gëtt Nohaltegkeet grouss geschriwwen. An dësem Kontext sinn mir dëst Joer eng Zesummenaarbecht mam Kass-Haff agaang. Jee no Disponibilitéit, ginn eis ee Mol d'Woch regional Bio-Produkter geliwwert, déi mir an den Haiser am SOS Kannerduerf zu Miersch verdeelen. Dermadder stäerke mir d'Bewosstsinn fir lokal a saisonal Liewensmëttel, fërderen eng gesond Ernärung an e verantwortungsvollt Verhalen.