News
Publié le 16 September 2022

Mir engagéieren fir d’Weiderentwécklung vun eisem CST "KlickKlack"

JNEWob-Rentree-2

Et ass Rentrée an d‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf  engagéiert fir d’Weiderentwécklung vun hirem Centre socio-thérapeutique (CST) "KlickKlack" zu Miersch :

 

- Ee Psychomotricien (m/w/d)  

CDI – temps partiel / temps complet

(réf KKPsyMo0922)

- Een Educateur gradué (m/w/d)

CDI – temps partiel

(réf KKEDG0922)

- Zwee Educateurs diplômés (m/w/d)

CDI- temps partiel / temps complet 

 (réf KKEDD0922)

 

Är Haaptaufgaben: Psychomotricien

Educateur gradué

Educateurs diplômés
  - Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner -Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner
  - Dir sidd zoustänneg fir déi psychomotoresch Evaluatioun vun de Kanner am CST an Dir suergt zesumme mam Team dofir, dass d'Kanner mat hiren individuelle Bedierfnisser ganzheetlech gefërdert ginn - Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung verschidden non-formal Bildungsofferen an dir sidd am Team  aktiv un der Ëmsetzung vun dëse Settings um Terrain bedeelegt
  - Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung e Setting ronderëm d'Thema "Kierperlecht & emotionaalt Gläichgewiicht“ an dir sidd, an Zesummenaarbecht mat aneren Team-Memberen, aktiv un der Ëmsetzung vun dësem Setting um Terrain bedeelegt. - Als perséinlech Referenzpersoun vun engem Kand:
  •  sidd Dir an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung zoustänneg fir déi schoulesch a sozio-emotional Fërderplanung vum Kand
  • ass et Är Aufgab, op eng traumasensibel a participativ Manéier dem Kand ze hëllefen, en Zougang zu senge Ressourcen ze fannen
  •  sidd Dir am reegelméissegen Austausch mat der Famill vum Kand
  • begleet Dir d'Kand um Wee vu senger schoulescher Reintegratioun

Äre Profil:

  •  En unerkannten Diplom
  •  Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen
  • Gudde Stress- a Krisemanagement, d.h. Konflikter vermeiden, aushalen a léise kënnen
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
  • Führerschäin

 Wat mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an engem dynameschen Team
  • Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapädagogik) 
  • Aarbeschtszäite vu Méindeg bis Freideg tëscht 7 an 19 Auer
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis den 30. September 2022 un jobs@kannerduerf.lu.