News
Publié le 01 Juni 2022

Grousst Summerfest am SOS Kannerduerf zu Miersch– ee flotten Dag fir d’ganz Famill

Facebook-Post

De 26. Juni 2022 feiere mir am SOS Kannerduerf zu Miersch eist traditionellt Summerfest. 



En ofwiesslungsräichen Programm fir d’ganz Famill :

10h30 :

  • Kanner- a Jugendmass

12h00 – 18h00 :

  • Spiller an Ateliere fir Kanner : Facepainting, Intefëschen, Sprangschlass, Animatioun mam Jonn Happi, ...
  • Tombola fir Kanner a fir Erwuessener
  • Loungebar a Graffiti-Wall fir déi Jugendlech
  • De ganzen Dag iwwer Musek mat ënner anerem engem Concert-Apéro vun der Mierscher Musek, live Hip Hop mam V.I.C a Concerte vun Jungle Juice a Solexx
  • Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt : e gudde Plat (Bouchée à la reine oder Vegan Bowl), ee Pizza Food Truck, Gegrilltes a vill Séisses fir den Dessert

Eng gratis Navette fiert tëscht der Mierscher Braderie an dem Kannerduerf.

 

  Programm op der grousser Bün
10.30 bis 11.30 Kanner- a Jugendmass
12.15  bis 13.00  Concert-Apéro mat der Mierscher Musek
13.30 bis 14.00  Zumba fir mat ze maachen
14.30 bis 15.30 Concert vun Jungle Juice
16.15 bis 17.00 Hip-Hop mam V.I.C
17.00 bis 18.00  Concert vun Solexx

Kommt a feiert mat eis
all zesummen um Summerfest!