News
Publié le 31 August 2020

Hey Dudoo!

Dudoo

Den Dudoo steet fir d’Recht vun all Kand, an engem schützenden...

Den Dudoo steet fir d’Recht vun all Kand, an engem schützenden Liewensëmfeld opzewuessen. Dofir kréien all Kanner/Jugendlech déi am SOS Kannerduerf opgeholl ginn, en Dudoo geschenkt.

Den Dudoo gouf no de Virstellunge vu Kanner a Jugendlechen aus dem Kannerduerf kreéiert. 2 Designer (Julie Conrad a Jan Glas) hunn an engem Workshop mat de Kanner op eng kreativ Manéier un de Froe geschafft: “Wat mécht mech rosen/traureg?” a “Wat hëlleft?”. Aus den Äntwerte vun de Kanner ass duerno den Dudoo entstan. Mat sengem mëlle bloe Pelz, dem frëndleche Gesiicht a senge groussen Oueren (déi een auswiesselen an individuell gestalte kann) ass den Dudoo den ideale Frënd a Beschützer fir all Kand, oder fir déi, déi an hirem Häerz nach Kand bliwwe sinn. 

Mee den Dudoo kann een och am Kannerduerf kafen fir villäicht sénge Kanner, Neveuen/Niessen oder Enkelkanner e schéine Kado ze maachen. All Infos um 32 90 03 - 1.