News
Publié le 23 Mai 2019

Mega Summerfest am Kannerduerf!

Summerfest

Sonndeg, de 30. Juni 2019

De 30. Juni 2019 feiere mir am SOS Kannerduerf zu Miersch eist traditionellt Summerfest

Besonnesch Highlights

BEATLES Revival Band

TABALUGA Freundschaftsshow 

Konterbonte FLOUMAART vu Privatleit

De ganzen Dag iwwer LIVE Musek


Donieft suerge vill flott nei Ateliers a Spiller, eng grouss Tombola, Aktivitéite ronderëm de Pompjeesauto vu Miersch fir en ofwiesslungsräichen Programm. 

Och fir den Honger ass beschtens gesuergt...mat engem Extra-Menu aus dem Restaurant A Guddesch, Thai Food, allerlee Gegrilltem... ausserdeem gëtt et fir de Schneekert verschidden Zorte Kaffi aus dem Cafe Tree, Kuch...

Eng gratis Navette fiert tëscht der Mierscher Braderie an dem Kannerduerf. An et ass bal dowäert alleng aus Spaass un der Freed en Tour mat ze fueren, et handelt sech nämlech ëm en echten engleschen Doppeldeckerbus deen do mat Iech den Aller-Retour mecht.

Kommt a feiert mat eis
all zesummen um Summerfest!