News
Publié le 16 septembre 2019

Visitt beim ONE

20190911 162838(0) (3)

Den 11.09. 2019 waren 8 Jonker vum SOS Jugendparlament op Besuch beim ONE.

Den 11. September 2019 waren 8 Jonker vum SOS Jugendparlament mat Vertrieder vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg op Besuch beim Office national de l‘enfance.

Mat der Direktioun vum ONE a weidere Mataarbechter haten si een oppenen an immens konstruktiven Dialog iwwer d'Thema wéi eng Roll de ONE an hirem Liewe spillt, a wat si als Jonk vun him brauchen.

Mir soen dem ONE nach eng Kéier Merci, besonnesch fir hir Zäit, hir Explikatiounen an hiert Nolauschteren.