News
Publié le 12 novembre 2018

Eis Chrëschtkaarte sinn do !

45986875 768415323496857 1075032921233948672 n

Gemolt vu Kanner aus dem Kannerduerf

Eis traditionnell Chrëschtkaarten sinn dëst Joer an Zesummenaarbecht mat Kanner aus dem Kannerduerf entstan

Schonn Ufank September hunn eis jonk KënschtlerInnen mat vill Begeeschterung hir kreativ Chrëschtdagsvisioune  gemolt. Mam Kaf vun dëse Kaarten maacht Dir de Kanner eng grouss Freed. Äre finanzielle Bäitrag ënnerstëtzt ausserdeem eis Projeten mat deene mir all Joer ongeféier 400 Kanner a Jugendlech déi et net ëmmer einfach hunn, op hirem Wee an en autonomt an sozial integréiert Liewen begleeden.

Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung ouni déi dës Aarbecht net méiglech wier.

 

Dir kënnt dës Kaarten an de Filialen vun der
Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat direkt kafen,

oder 

Per Mail AM Kannerduerf bestellen

 



Verkafspräis pro Serie 
(10 Kaarten mat oder ouni Text, mat Enveloppen) 

12 Euro plus Porto