News
Publié le 25 avril 2018

Tulpen am Kannerduerf

t14

Eng faarweg Freed!

Am November 2017 hunn e motivéierte Grupp vu Kanner déi am SOS Kannerduerf liewen zesumme mat hire Betreier an enger formidabeler Equipe vum Här Nico Castermans 2000 Tulpenzwiwwelen an de Buedem gesat, déi den Här Castermans an Holland kaf an dem Kannerduerf geschenkt hat.

Mir kënnen eis gutt un deen Dag erënneren, well et huet geschott ewéi aus Eemeren. Mee eis grouss a kléng Gäertner hunn sech dovun net ofschrecke gelooss, si hu fläisseg gebuddelt a geplanzt.

An dëser Deeg gesi mir de Loun fir eis Méi - am ganze Kannerduerf verdeelt erbléien déi schéinsten Tulpen. Et ass e Mier vu Faarf a Varietéit. Egal a wéi eng Richtung ee kuckt, iwwerall sinn Tulpen ze gesinn. 

Mir soen dem Här Castermans aus déifstem Häerz e ganz grousse Merci fir déi grouss Freed déi hien eis alleguer mat dësem Kaddo gemaach huet! Besonnesch flott un där Aktioun ass dass d'Kanner um bepflanze bedeelegt waren, dobäi ëppes geléiert hunn an haut ganz houfreg op d'Resultat dierfe sinn.