News
Publié le 26 mars 2018

Séance Académique

IMG 3024 edited

23. März am Kulturhaus zu Miersch

E Freideg den 23. März war am Kulturhaus zu Miersch d'Séance Académique zu Éiere vum 50. Anniversaire vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg. 

An engem ofwiesslungsräichen offiziellen Deel, duerch d'Madame Françoise Hetto moderéiert, hu verschidde Riedner hir besonnesch Vebonnenheet mat SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zum Ausdrock bruecht: den Här Michel Malherbe, Buergermeeschter vu Miersch, d'Madame Josiane Eippers, Presidentin vun der Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf, den Här Claude Meisch, Ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, an d'Madame Maria Lanzani, Presidentin vun SOS Children's Villages Italy a Member vum internationale Senat vun SOS Children's Villages International (si huet den Här Siddharta Kaul, President vun SOS Children's Villages International vertrueden, deen um Programm virgesi war, an awer a leschter Sekonn verhënnert war).

D'Grande-Duchesse, déi un deem Dag leider net konnt perséinlech dobäi sinn, war a Form vun engem Video trotzdeem präsent, an huet hir Gléckwënsch ausserdeem och schrëftlech matgedeelt.

Den Här Marcel Nilles, Grënner vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, an d'Madame Andrée Berend, laangjäreg SOS Kannerduerf Mamm goufe fir hiren Engagement geéiert.

Och musikalesch gouf ëppes gebueden: D'Kanner aus dem Kannerduerf hunn hirt Lidd gesongen, komponéiert vum Serge Tonnar, an deen Ôwend ënnert der Begleedung vum Tun Tonnar gespillt. Mee och d'Fleegekanner vun der Antenne Familiale Norden hu mat engem selwer verfasste Lidd nodenklech gestëmmt, an alleguer goufen si dofir mat engem groussen Applaus belount.

Dräi ehemaleg Kannerduerf-Kanner hunn an engem Interview mat der Madame Hetto op der Bühn erzielt, wat d'Liewen an d'grouss ginn am Kannerduerf hinne bedeit huet, a wou si haut am Liewe stinn.

Zum Ofschloss vum offiziellen Deel goufen et nach eng ganz Rei Video-Gréiss vun SOS-Ariichtungen aus der ganzer Welt, an natierlech huet och de Gebuertsdagskuch net dierfe feelen.

Duerno gouf dëse gelongenen Ôwend bei raffinéiertem Fingerfood, flotter Musek an Animatioun am Krees vun enger lëschteger Gesellschaft ausklénge gelooss.