News
Publié le 05 février 2018

"Liicht an Däischtert"

GALA 2018 1

Eng flott Kooperatioun vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg mat der Heischter Musek!

De 27. Januar war der Heischter Musek hire Galaconcert 2018. Een Deel vun deem ofwiesslungsräichen a flott konzipéierte  Programm war eng musikalesch Interpretatioun vum Thema Liicht an Däischtert. Dëst Thema gouf mat enger Show vu Biller, gemolt vu Kanner aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, faarflech treffend an emotional beréirend begleet. Ausserdeem huet eng vum Jules Kremer speziell gebaute Liicht- a Waasseruergel eng impressionant visuell Symbios vu Liicht a Musek geschaaf. Um Ënn vun dësem interessanten a musikalesch héichwäertegen Ôwend hunn d'Responsabel vum Veräin dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg nach en Don an der Héicht vu 750 Euro iwwerreecht, fir domat déi Projeten ze ënnerstëtzen déi vu Spenden ofhängeg sinn.