News
Publié le 02 février 2018

50 Joer SOS Kannerduerf Lëtzebuerg

Smiley Kannerduerf

Pressekonferenz am Kannerduerf

Ulässlech vu sengem 50. Jubiläum huet d'SOS Kannerduerf Lëtzebuerg der Press den 2. Februar Rendez-vous um Site vum Kannerduerf zu Miersch ginn. D'Presidentin vum Verwaltungsrot, d'Madame Josiane Eippers, den Här Michel Marlherbe, den Här Claude Adam, allen zwee Membere vum Verwaltungsrot, d'Madame Karin Kiesendahl, pädagogesch Direktesch, an d'Madame Cynthia Conzemius, administrativ Direktesch, hunn Explikatiounen zur Evolutioun vum Kannerduerf, an zu de geplangte Feierlechkeete ginn. 

Am PDF am Uschloss un dësen Artikel fannt Dir de Communiqué de presse, mat engem kuerzen Iwwerbléck iwwert d'Haptevenementer vun dësem Joer.