News
Publié le 26 octobre 2017

Offiziell Aweiung

10

Zwee nei Haiser am SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch.

An der Präsenz vum Här Minister Claude Meisch goufen e Méindeg den 23. Oktober 2017 zwee nei Haiser am SOS Kannerduerf  Lëtzebuerg zu Miersch offiziell ageweit.

D’Presidentin vum Verwaltungsrot, d’Madame Josiane Eippers, a Vertrieder vum Verwaltungsrot an der Direktioun hunn zesummen d‘Éieregäscht empfaangen an duerch déi nei Reimlechkeete geféiert, déi am Ganzen 18 Kanner en Doheem bidden.
D’pädagogesch Responsabel vun den Haiser hunn dozou déi néideg Explikatiounen ofginn, an d’Kanner hate Freed drunn, de Gäscht Titercher mat hausgebakene Wäffelcher ze iwwerreechen. No deem offiziellen Deel gouf sech bei engem Maufel z’iessen an ëppes ze drénken nach weider ënnerhalen.

De Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse huet een Haus zu 100%, an dat anert Haus zu 50% finanzéiert.

D‘Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte huet dat zweet Haus zu 50% finanzéiert.
 

Och d’Press war mat dobäi, an RTL huet e flotte Reportage gedréit:

http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3106801.html