16.09.2022
Mir engagéieren fir d’Weiderentwécklung vun eisem CST "KlickKlack"
Partager l’article sur

Et ass Rentrée an d‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf engagéiert fir d’Weiderentwécklung vun hirem Centre socio-thérapeutique (CST) "KlickKlack" zu Miersch :
- Ee Psychomotricien (m/w/d)
CDI – temps partiel / temps complet
(réf KKPsyMo0922)
- Een Educateur gradué (m/w/d)
CDI – temps partiel
(réf KKEDG0922)
- Zwee Educateurs diplômés (m/w/d)
CDI- temps partiel / temps complet
(réf KKEDD0922)
Är Haaptaufgaben: | Psychomotricien |
Educateur gradué Educateurs diplômés |
- Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner | -Dir sidd Deel vun engem multidisziplinären Team a schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner | |
- Dir sidd zoustänneg fir déi psychomotoresch Evaluatioun vun de Kanner am CST an Dir suergt zesumme mam Team dofir, dass d'Kanner mat hiren individuelle Bedierfnisser ganzheetlech gefërdert ginn | - Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung verschidden non-formal Bildungsofferen an dir sidd am Team aktiv un der Ëmsetzung vun dëse Settings um Terrain bedeelegt | |
- Dir konzipéiert an developpéiert an Zesummenaarbecht mat der Teamleedung e Setting ronderëm d'Thema "Kierperlecht & emotionaalt Gläichgewiicht“ an dir sidd, an Zesummenaarbecht mat aneren Team-Memberen, aktiv un der Ëmsetzung vun dësem Setting um Terrain bedeelegt. | - Als perséinlech Referenzpersoun vun engem Kand:
|
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom
- Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen
- Gudde Stress- a Krisemanagement, d.h. Konflikter vermeiden, aushalen a léise kënnen
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
- Führerschäin
Wat mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an engem dynameschen Team
- Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapädagogik)
- Aarbeschtszäite vu Méindeg bis Freideg tëscht 7 an 19 Auer
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis den 30. September 2022 un jobs@kannerduerf.lu.
Partager l’article sur