13.10.2023
Spendeconcert zu Gonschte vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg
Share the article on

Den 22. Oktober um 16h fënnt zu Hesper am Celo e Spendeconcert zu Gonschte vun SOS Kannerduerf statt.
Ënnert der Leedung vum Sven Kiefer, den och schonn de Workshop „Cajaton“ am Kader vu Musek@Kannerduerf animéiert huet, trommelen d’Kanner aus der lokaler Museksschoul fir d’Kanner aus dem SOS Kannerduerf.
D’Entrée ass gratis, umelle kënnt Dir Iech per Mail un sven.kiefer@ugda.lu oder iwwer Telephone um 691 656 856.
Kommt bis lauschteren an ënnerstëtzt dës solidaresch Initiative!
Share the article on