22.06.2022
Mir sichen en Educateur Gradué (m/w) - Chef de groupe vum Familljestäerkungsdéngscht
Share the article on

D‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht
En Educateur Gradué (m/w)
Chef de groupe vum Familljestäerkungsdéngscht
100% Tâche
Haaptaufgaben:
- Leedung vum Team vum Familljestäerkungsdéngscht ;
- Ambulant Begleedung vu Familljen a schwierege Liewenssituatiounen ;
- Ëmsetzung vun den Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehal sinn ;
- Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifenden konzeptuelle Grondlagen ;
- Asaz fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de begleete Familljen ;
- Gestioun vum Joresbudget an Erstellung vum Budget prévisionnel ;
- Gestioun vun der Auslaaschtung vun de Mataarbechter a vun den Disponibilitéite vum Service ;
- Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen ;
- Zesummenaarbecht mat der „Chargée de direction prestations ambulatoires“.
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch
- Führerschäin
- Freed un der Verantwortung, staarken Team(leedungs)geescht, Leedungskompetenzen
- Kloert Engagement, de spezifeschen Aarbechtsoptrag vun dësem Service ëmzesetzen a qualitativ weider ze entwéckelen
- Gudde Stress- a Krisemanagement, esouwuel fir sech perséinlech wéi och mam Bléck op d’Team
- Eng Zousazausbildung am Beräich Traumapädagogik an/oder Systemik ass vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
- Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten
Wat mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht mat engem dynameschen Team
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis den 10. Juli 2022 un jobs@kannerduerf.lu
Back to the articles
Share the article on