15.05.2022
Mir sichen nei MataarbechterInnen
Share the article on

Mat méi wéi 190 Mataarbechter, déi wärend dem ganze Joer iwwer 440 Kanner, Jugendlecher a Familljen encadréieren, ass d’Kannerduerf en zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
D‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf
sicht
Educateurs diplômés (m/w)
- Fir hire Jugendwunngrupp zu Bouneweg: CDI - 80% Tâche (ref: LeirEDDCDI05)
- Fir hiren therapeuteschen Jongenwunngrupp zu Grooljen: CDI - 75% Tâche (ref: GHEDDCDI05)
- Fir de Jugendwunngrupp “Saccly” zu Erpeldeng/Sauer mat Schwéierpunkt schoulesch Ënnerstëtzung: CDD (6 Méint) - 100% Tâche (ref: SacclyEDDCDD05)
- Fir hir Kanner – a Jugendwunngruppen zu Miersch: CDD (1 Joer) - 100% Tâche (ref: H5EDDCDD05)
- Fir hiren Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch: CDI - 75% Tâche (ref: KKEDDCDI0575)
- Fir an hire verschiddene Kanner- a Jugendwunngruppen ze remplacéieren :
CDI - 100% Tâche (ref: REMPLACANTCDI05)
CDD (1 Joer) - 100% Tâche (ref: REMPLACANTCDD05) - Fir hiren internen Kadu Shop vum CISP (formation préprofessionnelle) zu Miersch: CDI - 50% Tâche (ref: KDUEDDCDI05)
Auxiliaires de vie (m/w)
- Fir an hire verschiddene Kanner- a Jugendwunngruppen ze remplacéieren:
CDD (1 Joer) - 75% Tâche (ref: REMPLACANTAUXCDD05) - Fir an hire verschiddene Kannerduerffamilljen ze remplacéieren :
CDI - 100% Tâche (KDFAUXCDI05)
Psychologen (Méiglechkeet déi 2 Posten ze kombinéieren)
- Fir hiren therapeuteschen Jongenwunngrupp zu Grooljen: CDI - 50% Tâche (ref: GHPSYCDI)
- Fir hire Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch: CDI - 50% Tâche (ref: KKPSYCDI)
Psychologen mat psycho-therapeutescher Ausbildung (m/w)
- Fir hire Service „Fleegefamilljendéngscht“: CDI - 50% Tâche (ref: PSYCDI04)
- Fir hire Service „Psychologesche Berodungsdéngscht “: CDD - 50% Tâche (ref: PSYCDD04)
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz; mat der „autorisation d‘exercer“ fir den Educateur diplomé, auxiliaire de vie an Psycholog / Psychotherapeut.
- Lëtzebuergesch a Franséisch (obligatoresch), Däitsch ass e Virdeel
- Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten
Wat mir bidden:
- Eng diversifizéiert an intressant Aarbecht an engem dynameschen Team
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Wann Dir intresséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz un jobs@kannerduerf.lu.
Share the article on