08.04.2022
Mir sichen nei MataarbechterInnen
Share the article on

Mat méi wéi 190 Mataarbechter, déi wärend dem ganze Joer iwwer 440 Kanner, Jugendlecher a Familljen encadréieren, ass d’Kannerduerf en zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
D‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf
sicht
Educateurs diplômés (m/w)
- Fir hir Jugendwunngrupp zu Bouneweg: CDI - 80% Tâche
(ref: LeirEDDCDI04)
- Fir hir Meedecherswunngrupp zu Bouneweg: CDD - 100% Tâche
(ref: CalesEDDCDD04)
- Fir hire therapeuteschen Jongenwunngrupp zu Grooljen: CDI - 75% Tâche
(ref: GHEDDCDI04)
- Fir hire Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch:
CDI - 100% Tâche (ref: KKEDDCDI04100)
CDI - 75% Tâche (ref: KKEDDCDI0475)
- Fir an hire verschiddene Kanner- a Jugendwunngruppen ze remplacéieren:
CDI - 100% Tâche (ref: REMPLACANTCDI04)
CDD - 100% Tâche (ref: REMPLACANTCDD04)
Psychologen mat psycho-therapeutescher Ausbildung (m/w)
- Fir hire Service „Fleegefamilljendéngscht“: CDI - 50% Tâche
(ref: PSYCDI04)
- Fir hire Service „Psychologesche Berodungsdéngscht “: CDD - 50% Tâche
(ref: PSYCDD04)
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz; mat der „autorisation d‘exercer“ fir den Educateur diplomé an Psychologue / Psychotherapeut.
- Lëtzebuergesch a Franséisch (obligatoresch), Däitsch ass e Virdeel
- Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten
Wat mir bidden:
- Eng diversifizéiert an intressant Aarbecht an engem dynameschen Team
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Wann Dir intresséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz un jobs@kannerduerf.lu. Weider Informatiounen iwwert Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf fannt Dir op www.kannerduerf.lu
Share the article on