30.09.2019

Clearstream am Kannerduerf

Share the article on

IMG 4256midi

De 27.September 2019 huet Clearstream säi schonn traditionelle Social Day am SOS Lëtzebuerger Kannerduerf zu Miersch organiséiert. Op dësem aktiven Dag, hunn ëm di 23 Mataarbechter vu Clearstream eng Hand am Kannerduerf ugepaakt.
Beem goufe geplanzt, ee Gaardenhaischen opgeriicht an een Deel vun der Spillplaz ugestrach.
Den Enthusiasmus bei de Leit war grouss. Clearstream iwwerhëlt d’Käschten déi mat dësen Aarbechte verbonne sinn.

Merci u Clearstream fir hiren Asaz fir d'Kannerduerf.

Back to the articles

Share the article on

Make a donation