Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

"Traumapädagogischer Fachberater"

Zënter 2014 ass d'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf um Wee, d'pädagogesch Mataarbechter an de Konzepter a Methoden vun der Traumapädagogik ze spézialiséieren.
7 Mataarbechter aus dem Service "Antenne Familiale" hunn iwwer 2 Joer eng traumapädagogesch Weiderbildung gemaach déi sech spezifesch un hirem Aarbechtskontext  (Begleedung vu Fleegefamilljen) orientéiert huet.
Den 3. Mee gouf dës Formatioun mat Erfolleg ofgeschloss, an dat gouf natierlech gefeiert.

Hei zwou Stëmmen vun Mataarbechter vun der Antenne Familiale:

„Dës Formatioun huet mir gehollef, Trauma-bedingte Reaktioune vu Kanner ze identifizéieren, an meng eegen Äntwert op dëst Behuelen kënnen deem entspriechend besser unzepassen.“

„Traumapädagogik huet mäi Bléck geschärft a mech fir bestëmmte Signaler a Situatiounen méi empfänglech gemaach. De Prinzip vun der Entschleunegung huet doduerch eng vill méi zentral Plaz a menger Aarbecht kritt."