Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Cape Epic

De Christian Poos a Franck Sertic hunn hiert Zil, de "Cape Epic" ze fueren erreecht, a sinn no 691 km am Maillot vun der Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf iwwert d'Arrivée gefuer! D'Resultat: 111. am General an 27. an der Masters Categorie, ka sech weise loossen, virun allem wann ee wees dass esou Gréissten wéi de Cadel Evans an den George Hincapie matgefuer sinn. D'Absa Cape Epic Course fënnt all Joer am März statt. Während 8 Deeg geet de Wee iwwer bal 700 Kilometer Streck mat Montéeen vu bal 15000 m iwwer e puer vun deene schéinsten Biergpäss vu Südafrika.

De Franck an de Christian hunn hir Participatioun och ënnert d'Zeeche vun der Solidaritéit gestallt, a sinn di lescht Etapp am Maillot vun der Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf gefuer. Bravo fir hir aussergewéinlech Leeschtung a Merci fir hir Ënnerstëtzung!! E grousse Merci och deene Leit déi eis an deem Kontext duerch eng Spent ënnerstëtzt hunn!