Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Besuch bei "Tabaluga" zu Frankfurt

27 Kanner a Jugendlech aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg an e puer Begleeder waren de 4. November vun der Fondation Martine & Bertram Pohl op den Tabaluga-Musical "Es lebe die Freundschaft!" an d'Festhalle zu Frankfurt invitéiert.

De Riese-Spektakel aus Faarf, Phantasie, Musek an Danz, deen sech den Zuschauer gebueden huet ass schwéier ze beschreiwen - et war fir Kléng a Grouss en Erliefnis. Alleguer waren se begeeschtert vun den Abenteuer vum kléngen Draach Tabaluga.
D'Thema "Frëndschaft" huet de Kanner besonnesch gutt gefall. Déi eng ware vum Himmelsdéiereche faszinéiert, déi aner hunn de Schnéimann besonnesch witzeg fonnt. Déi vill Bühneneffekter, d'Lidder, déi rockeg Musek, a virun Allem och déi Szen mam Hoverboard hu beandrockt. Déi méi Grouss ware positiv iwwerrascht well si haten am Ufank geduecht dat wier "méi ëppes fir kléng Kanner". Et war och flott, esou vill bekannte Kënschtler, virun Allem de Peter Maffay, vu ganz no ze erliewen.

Eng schéi Rees, eng grouss Freed, an e ganz grousse Merci un d'Fondation Martine & Bertram Pohl fir dëse "magesche" Moment!