Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Hexenzauber am SOS Kannerduerf

 

Gëschter huet de Marionettentheater "Tutebatti" d'Kanner aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch an di magesch Welt vum Marionettentheater invitéiert. Mat grousser Spannung a vill Begeeschterung huet dee jonke Publikum d'Geschicht vum Tutebatti, dem Jempi, der Hex Rumpumpelknuddelfuzz, an engem geklaute Gebuertsdagskado matverfollegt ... an dobäi geléiert, dass och "béis" Hexen kënnen e gutt Häerz hunn.

No der Virstellung konnten d'Kanner d'Marionetten och selwer kenneléieren an ausprobéieren. Bei engem gudde Stéck Kuch gouf duerno nach e bësschen Zäit zesumme verbruecht.

Mir soen dem Yves Karier an dem Carlo Schon am Numm vun de Kanner villmols Merci fir e schéinen Nomëtteg an hire flotten Asaz mat vill Häerz an Humor.