Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Visite beim Chamberspresident: Youth in care for Europe

Ënnert dem Motto "Ech wëll en Europa wou ..." (I want a Europe where ...) hate sech am März 2015 zu Innsbruck an der Hermann Gmeiner Akademie Jugendlecher a jonk Erwuessener aus SOS-Kannerdierfer quer duerch Europa getraff, fir iwwer politesch Themen wéi Kanner- a Jugendrechter, Jugendwahlrecht, Partizipatioun vu jonke Mënschen, Zougang zu Bildung an Ausbildung, etc. ze diskutéieren. Di jonk Leit am Alter vun 13 bis 20 Joer koumen aus  Norwegen, Däitschland, Lëtzebuerg, Éisterräich, Kroatien, Albanien a Griicheland ugereest.
Bei wonnerschéinem Wieder an den Tiroler Alpen gouf vill geschafft, an sech zu den offiziellen Themen, awer och iwwert d’Liewen an den SOS-Kannerdierfer ausgetosch.
Nieft dem interkulturellen Austausch an de wäertvollen perséinlechen Erfahrungen war d’Ziel, eng Europakaart mat Botschaften fir d’Politiker vun der EU ze maachen. Eng kleng Delegatioun vun Teilnehmer soll dës Kaart am Juli 2015 am Kader vun der Präsidentschaftsiwwernahm vun der EU duerch Lëtzebuerg iwwerreechen. Dëse symbolesche Geste soll de Politiker verdäitlechen dass jonk Leit aus den SOS-Kannerdierfer sech fir Europa a fir hir Zukunft interesséieren, a bereet sinn, Zäit a Kraaft ze investéieren fir dass hir Stëmm och gehéiert gëtt.

En éischte wichtege Schrëtt an déi Richtung ass den 11 August 2015 ennerholl ginn. De Chamberspresident Mars di Bartolomeo huet zwee vun de véier Jugendlech déi vu Lëtzebuerg aus mat op de Workshop waren, perséinlech empfaangen a sech mat hinnen iwwert hir Iddien ënnerhalen. 

Entrevue mam Chamberspresident
Mars di Bartholomeo 

Hei eng Filmreportage vum workshop :

YOUTH IN CARE FOR EUROPE - VOICES