Teilen

?
EUR

Allgemeng Spend

Är Spend erméiglecht et eis, eis Hëllefsmoossnamen zugonschten vu Kanner, Jugendlech a Familljen weider ze féieren, ze verbesseren an auszebauen.
Dir kënnt Iech drop verloossen, dass Är Spend do ukënnt, wou se gebraucht gëtt. Eise Bilan gëtt vun enger onofhängeger Audit Firma iwwerpréift an am Mémorial verëffentlecht. Mir sinn als Member vun "Don en confiance" engem Code de bonne conduite verflicht. 

50
EUR

Liewenshëllef an Déiereschutz

Lieweshëllef, dat heescht: Professionell begleeten, déieregestützte Moossnamen hëllefe Kanner a Jugendlech dobäi, héich belaaschtend Liewensbiografien ze verschaffen. Déiereschutz, dat heescht: Ausserdeem suerge mir dofir dass Déieren, déi aus schwieregen Ëmstänn opgeholl goufen, a Würd an engem déieregerechten Ëmfeld liewe kënnen. 
Dëse Projet gëtt zu 100% iwwert Spende finanzéiert.

75
EUR

Kanner an Nout Gebuergenheet a Sécherheet ginn.

Extern Kuerzzäit Kannerduerf-Familljen si professionell ausgebilte Mataarbechter, déi Bebeeën a Kanner kuerzfristeg, a fir eng begrenzten Zäit bei sech doheem ophuelen. D'Ziel ass, dem Kand an enger Noutsituatioun e geschütztent a familiäert Liewensëmfeld ze bidden. Während deem gëtt gekuckt wat d'Kand a seng Famill an Zukunft brauchen.

Är Spend dréit dozou bäi Käschten ze decken déi net iwwert d'staatlech Subventiounen bezuelt ginn, ouni déi de Projet awer net ka bestoen.

110
EUR

Musekunterrecht fir Kanner

E musikalescht Talent bei sech ze entdecken ass eng immens Erfahrung fir e Kand dat villäicht guer net dru gleeft dass et iwwerhapt iergend ëppes kann. Musizéieren fërdert d'Kreativitéit a stäerkt d'Perséinlechkeet. Fir Kanner déi an hirem Liewen traumatesch Erfahrunge gemaach hunn, ka Musek ausserdeem dozou bäidroen, motoresch a kognitiv Verzögerungen an der Entwécklung opzehuelen. Dofir erméigleche mir, do wou en Interessi besteet, a wa mir et finanzéiert kréien, de Kanner déi bei eis liewen, Musekunterrecht. Mat Ärer Spend kënne mir engem Kand fir ee Mount Pianos-Stonne finanzéieren.