Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Den Dudoo ass do

Den Dudoo ass am Kannerduerf ukomm. Mat sengem mëlle bloe Pelz, dem frëndleche Gesiicht a senge groussen Oueren ass hien den ideale Frënd a Beschützer fir all Kand, oder fir déi, déi an hirem Häerz nach Kand bliwwe sinn. Seng Ouere sinn eigentlech e Kuschelduch, dat een och ouni Dudoo iwwerall mathuele kann.

Den Dudoo gouf no de Virstellunge vu Kanner a Jugendlechen aus dem Kannerduerf kreéiert. 2 Workshoppe waren duerfir mat der Designerin Julie Conrad an hirem Designer-Kolleg Jan Glas organiséiert ginn. Déi wichtegst Froen, déi si sech gestalt hate waren: “Wat mécht mech frou / rosen / traureg?” a “Wat hëlleft?”. Den Dudoo ass duerno no de Kanner hiren Iddie produzéiert ginn an ass duerfir en Unikat.

Den Dudoo steet fir d’Engagement vun der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf, déi sech fir d’Recht vun all Kand asetzt, an engem sécheren a beschützendem Liewensëmfeld opzewuessen. Dofir huet déi blo Faarf vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg net dierfe feelen.

Den Dudoo waart op Iech am Kannerduerf zu Miersch. Fir 25 Euro geet hie mat iech heem. Den Dudoo kann och un Iech verschéckt ginn. Informéiert Iech wann ech gelift um 32 90 03 – 1 oder schéckt eng E-mail un .

D’Receptioun vum Kannerduerf (10, rue Hermann Gmeiner – L-7534 Mersch) ass vu méindes bis freides vun 8 bis 12 a vun 13.30 bis 17 Auer op.