Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

16. international Bindungskonferenz zu Ulm

"Die Konferenz wird sich mit den heilenden wie zerstörerischen Aspekten im Kontext von Bindung und Gruppe auseinandersetzen. Hierzu werden international renommierte Forscher und Kliniker aus ihren Studien und Erfahrungen berichten und auch Wege zur Prävention aufzeigen."

aus der Programmbeschreiwung

"Mir ass nach eemol méi bewosst ginn wéi wichteg et ass, de Kanner déi mir betreien, trotz engem oft stressegem Alldag mat Sensibilitéit a  Gedold ze begéinen, an si an hire Gefiller opzefänken."

eng Responsabel vun engem Kanner- a Jugendwunngrupp

 

Vum 29.9. bis den 1.10.2017 war d'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf mat insgesamt 12 pädagogesche Mataarbechter aus verschiddene Beräicher, an der Direktioun, zu Ulm op der 16. internationaler Bindungskonferenz. 

Während 2 Deeg hunn interessant Virträg, rezent Fuerschungsresultater, an eng intensiv gedanklech Ausenanersetzung mam Thema Bindung nei Iddien inspiréiert, an awer och Bestätigung bruecht dass mir mat eise familienpädagogischen, traumasensible Konzepter an de Kannerduerf Familljen an de Foyeren, esou wéi och mat eiser déieregestützter Pädagogik an eng gutt Richtung ënnerwee sinn.