Teilen

Sos-Kannerduerf Lëtzebuerg News

Summerfest am Kannerduerf zu Miersch

Um Programm:

10.30: Poërmass 
12.00 - 13.30: Concert Apéro mat der Musek "The Northern Big Band"
14.00 - 14.30: Optrëtt vun de Folklor Gruppen "Mierscher Folklor", "La Ronde" an "Uucht-La Veillée"
14.00 - 14.30 / 15.00 - 15.30 / 16.00 - 16.30: Puppentheater "Kasper räumt die Umwelt auf"
14.30 - 17.00: Eng musikalesch Weltrees mam Duo ANDA
15.30: The Luxembourg Pipe Band
16.00: Zéiung vum Kaartespill
17.00: Zauberer PasCal


Ausserdeem: Musek, Spiller, Facepainting, Tombola fir Grouss a Kleng, Floumaart, Aktivitéite ronderëm de Pompjeesauto vu Miersch an eng Konschtausstellung vu Kanner a Jugendlech aus dem Kannerduerf ...
 

Z'Iessen an ze Drénken:

An der Mëttesstonn proposéiert eise Party Service:

Plat fir 15 €:

  • Bouchée à la Reine mat gebootschte Gromperen an Ietsen a Muerten

Plat fir 12 €:

  • Gromperenzalot mat Wirschtercher
    oder
  • Meloun mat Ham

De ganzen Dag gëtt et och Gegrilltes, en asiatesche Plat, Kaffi a Kuch, oder eng Coupe Schampes.

 

Parking:

Direkt beim Kannerduerf (dëst Joer fiert keng Navette vu Miersch).