
1968 - 2008
Mir gi Kanner a Nout eng Famill
A mir hëllefen hinnen hir Zukunft ze bauen.
D’Mierscher SOS Kannerduerf huet am Joer 2008 säi 40. Gebuertsdag gefeiert.
Dat war eng gudd Geleeënheet fir di lëtzebuerger Gesellschaft op d’Schicksal vun defavoriséierte Kanner hinzeweisen, fir nei Frënn a Sponsoren fir d’Kannerduerf ze gewannen, an di bestehend Relatiounen ze festegen.
Ee gemeinsame Projet iwert d’Geschicht an d’Zukunft vum SOS-Kannerduerf huet e Gefill vun Zesummesin fir de Verwaltungsrot, d’Mataarbechter, d’Kanner an d’Frënn bruecht.
Fir Presenz ze hun, war et wichteg Aktivitéiten ze organiséieren, déi op eis Fondatioun opmierksam maachen. 2008 sin Manifestatiounen am pädagogischen an am kulturelle Beräich organiséiert gin, grad wéi Aktivitéiten rondrëm d’Kannerduerf.
E Concert, eng séance académique an eng Ausstellung iwert Geschicht an Entwécklung vum Kannerduerf sin e puer Beispiller. Dëst war ënner anerem duerch d'Ënnerstëtzung vu Mierscher Veräiner a Leit méiglech. Eng Rei vun den AKtivitéiten haten als Kader d'Mierscher Kulturhaus.
D’Summerfest (29.Juni 2008) huet nach méi en intressante Programm kritt duerch eng éisträicher Folklor Grupp. D’Mass am Festzelt moies gouf ënnert der Matwierkung vum Siegfried Fietz perséinlech gefeiert.
D’Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf huet als Haptaufgab derfir ze suergen, dass am SOS-Kannerduerf zu Miersch Kanner opgeholl kënne gin, déi e neit Doheem brauchen, well si net méi bei hire leiblichen Elteren kënne wunnen. Fir dat ze realiséieren brauch een Mënschen, déi bereet sin Kanner wéi hir eegen opzehuelen a mat hinnen ze liewen, si ze erzéien, si gär ze hun, an si op en eegent Liewen virzebereeden.
Dat ass net einfach a mat vill Schwieregkeete verbonnen, well di Kanner aus fréier Kandheet Wonne matbréngen , déi vill Zäit brauchen fir ze heelen.
Gedold, Vertrauen, Ausdauer, awer natiirlech och Fachwëssen si verlaangt.
D’Erfahrung aus der Aarbecht huet eis geléiert, dass et mat Léift eleng net duer geet. Duerfir kréien d’Kanner di Ënnerstëtzung déi se brauchen. Therapeutesch Hëllef, awer och beruffsvirbereedend Ausbildung wann et néideg ass; Iwergang an d’Erwuesseliewen duerch eis Nobetreiung an der Wunnengshëllef fir e puer Méiglechkeeten opzeweisen.
Zënter 40 Joer huet d’Kannerduerf sech vill verännert fir eng Ariichtung ze bleiwen déi an eiser Zäit verwuerzelt ass. Mat der Ënnerstëtzung vun Mataarbechter a Frënn sind d’Weichen och fir di nächst Jore gesat. D’Zuel vun de Kanner déi net an hirer biologischer Famill opwuessen därfen, ass net mi kleng gin di läschte Joren.
D’Kannerduerf ass a bleift fir Kanner eng Méiglechkeet fir en Doheem, eng Famill ze hun.
|